Livraison Automatique Service Q8Mazout

D’Temperatur vun Ärer Wunneng upassen

Aus gesondheetlechen a Bequeemlechkeetsgrënn ass et net gutt, seng Wunneng ze vill ze hëtzen. Déi empfuelen Idealtemperatur läit tëschent 19 an 20°C. All Grad manner stellt eng Energie Erspuernis vu 7 % duer. Ausserdeem brauchen d’Raim net all déi selwecht Temperatur. Schlofkummere sollen zum Beispill nëmmen op tëschent 15 a 16°C gehëtzt ginn. Dofir ass et zimlech interessant, thermostatesch Ventiller op seng Heizkierperen z’installéieren, déi eng präzis Astellung vun der Temperatur an all Raum erméiglechen. Schalt den Nuechtmodus vun Ärem Thermostat (+/- 15°C) eng Stonn virum Schlofegoen an. Maacht dat och dagsiwwer, wann Äert Haus eidel ass. Esou spuert Dir 5 bis 8% Brennstoff.

Plangt eng Iwwerpréifung vun Ären Installatiounen

  • Entretien vun Ärer Chaudière/Ärem Brenner. E falsch agestallte Brenner kann zu enger Verbrauchserhéijung vun 20 % féieren.
  • Iwwerpréift also den Drock vun Ärer Installatioun. En däerf net ënner 1,5 Bar leien. Wann dat de Fall ass, musst Dir Waasser derbäimaachen.
  • Et kann och vu Virdeel sinn, d’Chaudière z’ersetzen, wann se méi wéi 20 Joer al ass.
  • Entlëft Är Heizkierperen.
  • Isoléiert hannert Ären Heizkierperen.
  • Hänkt näischt op Är Heizkierperen. D’Placéiere vu Miwwele virun engem Heizkierper beanträchtegt wesentlech seng Leeschtung.
  • Isoléiert Är Leitungen. Fir Hëtztverloschter an de Leitungen ze vermeiden, ginn et Isolatiounsrulloen, déi ganz einfach ze montéiere sinn.

Isoléiert Är Wunneng

Eng gutt isoléiert Wunneng reduzéiert säin eegenen Energieverbrauch gewalteg. Vill Hëtzt geet zum Beispill schonn duerch d’Maueren, d’Fënsteren an den Daach verluer. Bis zu engem Drëttel vun der produzéierter Hëtzt kann eleng duerch den Daach verluer goen. Energieauditte kënne bei agrééierte Persounen ugefrot ginn, fir Prioritéite festzeleeën.

Schnell Liwwerung

Schnell Mazout Liwwerung zur ausgemaachter Zaït

Präis & Qualitéit

Qualitéits Mazout zum klenge Präis.

Entretien vun der Chaudière

Entretien vun der Chaudière

 

HiQ Mazout

Verbesserung vun der Leeschtung, Aspuerung vun den Entretienskäschten.