Oft gestallten Froen

Hutt Dir Froen iwwer Heizung Ueleg online ze kafen? Wëllt Dir wësse firwat eis Brennstoff Ueleg méi bëlleg ass? oder wat sinn Är legal Flichten am Sënn vun der Ëmwelt?

Mir hunn all dacks gefrot Froen hei drënner gruppéiert. Wann Dir d’Äntwert net fir Iech fannt da zéckt net eis ze kontaktéieren.

Méi Informatiounen iwwer Q8Mazout

Zanter méi wéi 50 Joer versuergt Q8Mazout dausende vu Stéit, Kollektivitéiten a Betriber mat Wäermt a Wuelbefannen andeems en hinnen Heizungsdiesel liwwert.

Mir hëllefen Iech gär per Telefon:

  • Q8Mazout Lëtzebuerg (gratis Nummer): 8002-3090
Firwat online bestellen?
  • Dat ass déi einfachst a séierst Aart a Weis.
  • Dir kënnt zu all Moment, 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7, bestellen.
  • Dir wielt selwer den Datum vun Ärer Liwwerung.
  • Dir profitéiert vun enger virdeelhafter Reduktioun wann Dir online bestellt. (6 € pro 1000 L op der Gamme HiQ)
  • Dir kënnt online bezuelen, per Virement oder beim Chauffer mat Ärer Bankkaart.
Informatiounen iwwer d'Tanken

D’Informatiounen iwwer Är Installatioun sinn immens wichteg fir eis fir Iech eng sécher Liwwerung mam gréisste Confort an am Respekt vun Ärer Ëmwelt ze garantéieren.

Se erlaben eis et och, d’gesetzlech Obligatioune wat de Stockage vun Heizungsmazout ugeet ze respektéieren.

Ech hu mäi Passwuert vergiess. Wéi kann ech et erëmfannen?

Gitt op d’Säit “Mäi Kont” a klickt op “Passwuert vergiess? “. Dir kritt dann eng E-Mail mat Ärem neie Passwuert. Dir kënnt et dono an Ärem Espace Client änneren.

Funktionéiert dat net? Da kontaktéiert eis Equippen.

Wat ass den Ënnerscheed tëschent dem HiQ an dem HiQ LS 10PPM?

Den HiQ Mazout ass en normalen Heizungsdiesel mat engem Zousaz. Dësen Zousaz verbessert de Rendement a spuert Käschte fir den Entretien, verlängert d’Liewensdauer vun Ärer Installatioun a reduzéiert d’Formatioun vu Rous an d’CO2-Emissioun.

Den HiQ LS 10 PPM ass méi e raffinéierten Diesel, dee manner wéi 10ppm Schwiefel enthält. Den HiQ LS 10PPM ass fir nei Kondensatiounsinstallatioune recommandéiert.

Nous proposons également une version additivée de ce mazout, l’HiQ EXTRA qui allie les qualités de l’EXTRA et les avantages de notre additif.

Kënnt Dir den Tank ganz fëllen?

Wa mir all d’Informatiounen iwwer Ären Tank hunn an Dir e Sécherheetssystem hutt, dee fonctionéiert, da kënne mir Ären Tank ganz fëllen. Dofir braucht Dir nëmmen déi entspriechend Case bei Ärer Bestellung um Site unzekräizen.

Wat ass den Aktiounscode? Firwat hunn ech kee Recht drop?

Zousätzlech zu senge kompetitive Reduktioune vum Dag, lancéiert Q8Mazout reegelméisseg temporär Aktiounen a Promotiounen.

Fir näischt ze verpassen, gitt eis Är E-Mail-Adress iwwer de Kontaktformulaire.

Wéini ginn ech beliwwert?

D’Liwwerung gëtt deen Dag, deen Dir bei der Bestellung um Site ugefrot hutt, gemaach. Wann nach aner Informatiounen néideg si fir dass d’Liwwerung gutt ofleeft, da schreift se wgl. als Remark an d’Introduktioun vun der Bestellung. Mir notéieren se a maachen eist Bescht fir Är Ufroen ze respektéieren.

Wann dat fir eis net méiglech ass, kontaktéieren eis Equippen Iech fir eng adaptéiert Léisung ze fannen.

Muss ech zwangsleefeg doheem si fir meng Liwwerung ze kréien?

Ass et Är éischt Bestellung bei Q8Mazout? Da musst Dir bei der Liwwerung present sinn.

Opgepasst! Wann Ären Tank zougänglech a konform zu der Legislatioun ass an Dir am Viraus bezuelt hutt, dann ass et awer méiglech, Är éischt Bestellung geliwwert ze kréie wann Dir net do sidd.

Hu mir schonn eng Kéier bei Iech geliwwert? Dann ass et méiglech, am Viraus ze bezuelen (online oder per Virement). Soubal mir d’Bezuelung kritt hunn, komme mir bei Iech liwweren, och wann Dir net do sidd.

Fir méi Informatiounen, kontaktéiert wgl eis Büroen.

Maacht Dir Liwwerungen de Weekend?

Am Wanter liwwere mir och Samschdes a Sonndes. (Liwwerungen nëmmen tëschent 8:00 a 14:00 Auer méiglech)

Dëse Service gëtt Iech facturéiert:

  • 63,65 € TTC fir eng Liwwerung op engem Samschdeg
  • 77,80 € TTC fir eng Liwwerung op engem Sonndeg oder engem Feierdag

Opgepasst, fir eng Liwwerung de Weekend, bestellt wgl. direkt per Telefon.

Ech hu kee Mazout méi. Wat soll ech maachen?

Kontaktéiert direkt eise Verkafsbüro per Telefon. Mir maachen eis Bescht fir Iech esou séier wéi méiglech ze beliwweren.

Wat sinn déi verschidde Methode fir ze bezuelen?
  • Online Bezueleng am Viraus (Kreditkaart).
  • Bezuelung dem Chauffer
  • Per Virement wann Dir d’Rechnung kritt (ënner Konditiounen).
  • Abonnement mat gestaffelter Bezuelung (rufft eis u fir méi Informatiounen an/oder e Kontrakt ze froen).
Wann d'Präisser variéieren, wat fir ee Präis gëtt facturéiert?

Q8Mazout facturéiert Iech ëmmer de Präis vum Dag vun der Liwwerung. Är online Reduktioun gëtt selbstverständlech bäibehalen.

Kann ech eng Gruppebestellung maachen?

Spuert andeems Dir Äre Mazout zesumme bestellt. All Participant vun der Gruppebestellung profitéiert vum Literpräis fir de gesamte Volume vun der Gruppebestellung.

Tableau vun de Reduktiounen:

  • Tëschent 4500 L a 5999 L: Reduktioun vun 13 €/M3
  • Tëschent 6000 L a 9999 L: Reduktioun vun 15 €/M3
  • Tëschent 10 000 L a 15 000 L: Reduktioun vun 20 €/M3
  • Komplette Camion (18 000 L): Reduktioun vu 25 €/M3
Ech hunn am Viraus bezuelt an de Montant vun der finaler Rechnung ass anescht.

A verschiddene Fäll (wann de Volume dee geliwwert gouf anescht ass wéi de Volume dee bestallt gouf, wann de Präis erofgaangen ass, asw.) kann de Montant vun der finaler Rechnung vum Montant, deen am Viraus bezuelt gouf, ofwäichen:

  • Wann de Montant vun der Rechnung méi héich ass wéi de Montant, deen am Viraus bezuelt gouf, da kritt Dir eng Rechnung fir de Solde, deen nach muss bezuelt ginn, geschéckt.
  • Wann de Montant vun der Rechnung ënnert dem Montant läit, deen am Viraus bezuelt gouf, da kritt Dir eng Rechnung fir de Solde, dee mir Iech schëlleg sinn, geschéckt.
  • Wann Dir gär e Remboursement hätt, da kontaktéiert wgl. Äre Verkafsbüro.
  • Wann net, da gëtt de Montant, deen op Ärem Clientskont steet, vun Ärer nächster Rechnung ofgezunn.
Muss ech meng Chaudière virun der Liwwerung ausmaachen?

D’Chaudière kann ausgemaach gi wann de Chauffer ukënnt.

Et gëtt allerdéngs recommandéiert, no der Liwwerung eng Stonn ze waarden ier Dir d’Installatioun nees umaacht. Sou kann de Produit sech setzen an de Rous, deen opgeréiert gouf ka sech um Buedem vum Tank ofsetzen. Dir evitéiert esou, dass Är Leitunge verschmotzt ginn.

Ass den Entretien vu menger Chaudière wierklech néideg?

Et kann nëmme Virdeeler fir Är Installatioun an Är Consommatioun hu wann Dir Är Chaudière all Joer botzt.

E järlechen Entretien kann d’Depote vu Rous vill reduzéieren an huet direkt Konsequenzen op d’Verlängerung vun der Liewensdauer vun Ärem Tank a reduzéiert d’Ofgasen (reduzéiert Consommatioun).

Schnell Liwwerung

Schnell Mazout Liwwerung zur ausgemaachter Zaït

Präis & Qualitéit

Qualitéits Mazout zum klenge Präis.

Entretien vun der Chaudière

Entretien vun der Chaudière

 

HiQ Mazout

Verbesserung vun der Leeschtung, Aspuerung vun den Entretienskäschten.