Antibakterium

Schützt Ären Heizungsmazout géint bakteriell Kontaminatiounen, andeems Dir eisen antibakterielle Produit bestellt!

Eise präventiven a kurativen Antibakterium schützt Äre Mazout

Verschidde Kuelewaasserstoffer, déi BIO-Bensin enthalen (z.B. Heizungsdiesel oder normalen Diesel), kënnen enger bakterieller Kontaminatioun ausgesat sinn.

Tatsächlech kënne sech Mikroorganismen entwéckelen an zu enger Algebildung féieren. Doduerch gëtt de Mazout onbrauchbar.

 

Wéi kann een eng Kontaminatioun vermeiden?

  • Ma andeems een den Antibakterium vu Q8Mazout präventiv benotzt!
  • Bei Installatiounen, déi e gréissere Risiko duerstellen (al Installatiounen, Produite mat Biobensin, eng méi laang Lagerung,..) mécht et ëmmer Sënn, en antibakteriellt Mëttel derbäizemëschen. Doduerch gëtt all bakteriell Kontaminatioun verhënnert an esou och all déi domat verbonne Problemer.
  • Fir eng maximal Effikassitéit muss den Antibakterium zesumme mam Heizungsmazout bestallt a geliwwert ginn!

 

Wat kann ech maachen, wa mäi Mazout kontaminéiert ass?

 

  • Ma den Antibakterium vu Q8Mazout kurativ benotzen.
  • Den Antibakterium vu Q8Mazout zerstéiert effektiv d’Algen aus Ärem Tank an erméiglecht Iech, de Mazout, deen dora stockéiert war, erëm ze benotzen.
  • Opgepasst: Dat ass nëmmen eng provisoresch Léisung. Nämlech setzen sech all d’Algepartikelen, déi vum Antibakterium zerstéiert ginn, um Buedem vun Ärem Tank of. Soubal de Mazout verbraucht ass, muss den Tank onbedéngt gebotzt ginn.
  • Fir eng maximal Effikassitéit muss hei och den Antibakterium zesumme mam Mazout geliwwert ginn!

Wéi bestellt een a wéi mécht een den Antigel derbäi?

Den Antibakterium vu Q8Mazout kann zousätzlech zu enger Heizungsmazoutsliwwerung per Telefon oder iwwer eise Site bestallt ginn.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Äre regionalen Händler per Telefon oder iwwer eise Kontaktformulaire kontaktéieren.

Schnell Liwwerung

Schnell Mazout Liwwerung zur ausgemaachter Zaït

Präis & Qualitéit

Qualitéits Mazout zum klenge Präis.

Entretien vun der Chaudière

Entretien vun der Chaudière

 

HiQ Mazout

Verbesserung vun der Leeschtung, Aspuerung vun den Entretienskäschten.