Gruppéiert Akafen

Wëllt Dir zesumme mat Ären Nopere bestellen, fir vun engem nach méi gënschtegen Tarif ze profitéieren? Ma Dir hutt wuel Recht! Q8Mazout bitt Iech dës Méiglechkeet dank sengem Service fir gruppéiert Bestellungen

D’gruppéiert Bestellung stellt en ekonomesche Virdeel duer:

  • De Präis vun enger Bestellung baséiert op déi bestallt Quantitéit, wat ee méi bestellt, wat et méi gënschteg gëtt. Bestellt Äre Mazout zu puer unhand vun eisem Formulaire oder per Telefon.
  • D’gruppéiert Bestellung huet och aner Avantagen. Vue, dass de Camion sech nëmmen eng Kéier fir méi Clienten deplacéiert, mécht dëse manner Kilometer a limitéiert esou säi Verbrauch a seng CO2-Emissiounen. Et ass also eng Win-Win-Situatioun!
  • Är Nopere sinn nach net Client bei Q8Mazout? Profitéiert vun dëser Geleeënheet, fir se ze parrainéieren an zousätzlech Reduktiounen ze kréien Méi infoen

Wéi bestellen ech meng Gruppbestellung?

  • Fëllt d’Form hei ënnen aus a schéckt.
  • Eis Teams hunn déi néideg Daten fir de beschte Präis fir Iech auszerechnen a kontaktéiere Iech.
  • An der Zwëschenzäit kënnt Dir scho sou vill wéi méiglech Informatiounen iwwer all d’Participanten an der Bestellung sammelen.

Fir dëst ze liwweren, kënnt Dir den PDF-Dokument um Enn vun der Säit eroflueden, ofschléissen a per E-Mail an Äre Verkeeferamt schécken.

10 + 12 =

Duerch dës Informatioune kënne mir Iech en attraktiven Tarif ausrechnen an Iech esou séier wéi méiglech en Devis schécken.

Am Sënn vun enger gudder Organisatioun biede mir Iech drëms, folgend Donnéeë bei deene verschiddene Persounen, déi beliwwert solle ginn, ze sammelen:

  • Clientsnummer (net obligatoresch)
  • Kontaktinformatioune vum Client (Numm, Virnumm an Telefonsnummer)
  •  Vollstänneg Adress
  • Bestallte Volume an Tankcapacitéit

Luet Iech d’Dokument hei ënnen erof (PDF-Tabell), fir Iech d’Sammele vun Informatiounen ze vereinfachen.

Schnell Liwwerung

Schnell Mazout Liwwerung zur ausgemaachter Zaït

Präis & Qualitéit

Qualitéits Mazout zum klenge Präis.

Entretien vun der Chaudière

Entretien vun der Chaudière

 

HiQ Mazout

Verbesserung vun der Leeschtung, Aspuerung vun den Entretienskäschten.